Entrepreneuriat

Bedingungslose Grondakommes

De Virdeel vum bedingungslose Grondakommes ass e Basisakommen ze assuréieren egal wat se machen och wann se wéineg verdéngen oder vill verdéngen…Wann een e bedingungslose Grondakommes kritt kann een mat engem vill méi klenge Risiko de Schratt woen eng Entreprise ze grënnen. Déi éischt puer Joer mecht een kee Bénéfice mä et as een duerch Grondakommes ofgeséchert. Den 2. Virdell dovunner as dass wann een ee astellt hun déi Lait schon e gewesse Akommes fir dignement ze liewen. An deem haitege System kaascht et dAen aus dem Kapp fir een anzestellen wëll déi persoun jo vun deem Salaire iwerliewe muss. Mam Grondakommes kann ech Leit fannen fir puer honnert euro méi déi mat vollem Asaaz a Motivatioun géinge schafen. Wann bis d’Entreprise gudd fonctionéiert kann ech d’Leit um Bénéfice bedeelegen, oder si als Partner astellen. Entreprisen grënnen gët doduerch villméi einfach duerch d’Grondakommes. Desweideren kann d’Bürokratie duerch Grondakommes enorm vereinfacht ginn. Mer jeitzen ganz vill no sozialer Selektivitéit, mee dat bréngt enorm vill komplizéiert Regelen mat sech an dat mecht Liewen vu ville Leit an Entreprisen net méi einfach. (Un Participant du Workshop du 13 avril 2013)

Tags

Voting

2 votes
5 up votes
3 down votes
Idea No. 53