Participation démocratique

Eng HAAPT- an eng DEMOKRATIE-STATISTIK fir eist Land an eis Leit

Eng nei HAAPT- an eng DEMOKRATIE-STATISTIK fir eist Land an eis Leit.

 

Jidder liewegen Organ versischt ze iwwerliewen esou gutt an esou laang ewéi e kann. De Staat ass och e liewegen Organ, wann och nëmmen an deem Mooss wéi seng Bierger an hir Vertrieder et sinn.

 

Wéi soll dann d'Wuel (le bien-être) an seng Nohaltegkeet a Potential gemooss ginn, well dat wär scho wichteg ze wëssen fir de Staat, besser gesot fir d'Regierung an all déi, déi hëllefen un de Schrauwen vum Staatsorgan ze dréien, fir dass et him an all sénge Bierger gutt geet.

 

De PIB, d'Brutto Sozial Produkt, de PNB, oder wéi se och ëmmer heeschen, hun e Wäert deen net ze leegnen ass. Schliesslech moossen se dat wat mer geleescht hun a vun deem mer eréischt dorops liewe kënnen, oder aneren domat hëllefe kënnen. Mir moossen also d'wiirtschaftlech Stäerkt vun eisem Land mam PIB, dat wat eng gutt oder besser Liewensqualitéit ERMÉIGLECHE SOLL. Dat ass net identesch mam Wuel vun sengen Awunner, oder dem Wuel vun de Lëtzebuerger, inklusiv deene ville Lëtzebuerger déi hannert eise Grënze liewen.

 

Iwwerleeë mer emol e bësse méi wäit, ewéi déi bekannte Spaassformel: "Léiwer räich a gesond ewéi aarm a krank". Do si mer ons jo all eens, och wann dat nëmmen zu 80% richteg ass, d.h. ënner der Bedingung, dass engem säi Räichtum och éierlech verdengt ginn ass, well soss bezweifelen ech, dass hie laang glécklech bleiwt: en zerstéiert sech selwer fréi oder spéit mat Alkool, Drogen oder soss iergendwéi.

 

Fir déi meeschte Menschen bedeit Wuel(fillen) / WOHL, laut dem WAHRIG, Deutsches Wörterbuch: "Heil, Glück, Förderung; Nutzen; Gesundheit; Gedeihen." Also eng Rei vun Zoustänn déi mer mat Freed oder op d'mannst mat Zefriddenheet verbannen. Dofir schloen ech eng composite (zesummegesate) Statistik vir, déi d'(IWWER-)LIEWEN a LIEWEGKEET vu Land a Lëtzbeuerger moossen, an och mat Liewens-qualitéit a -potential ze dinn hunn. An obschon all déi Saachen do mat agebonne wären, ass et emol net schwéier e System opzestellen, deen dat moossbar mecht, wann een dann am Zäitalter vun der Elektronik net direkt den Däiwel un d'Wand mole wëll.

 

Dës provisoresch sougenannte "Liewegkeets Statistik Lëtzebuerg" (LSL Stat) setzt sech aus den Äntwerten op folgend Froën zesummen, déi all Lëtzbuerger an eejäreg Awunner hei am Land per elektroneschem Froëbou (Questionnaire) 1 X am Mount, oder ufangs ee mol all Trimester, ongezwongen un de STATEC eraginn. Via Gemengen-, Schoulen-, ...oder aner Computer, mat Passwuert.

 

Als Äntwert hunn déi befrote Bierger ëmmer 4 Optionen, wouvu se nëmmen eng uklicke kënnen: Jo ( ). Gläich gutt ( ). Nee ( ). Weess ech net ( ). D'FROEN:

 

1. Waart Dir an deene leschten Deeg méi gesond wéi virdrun? 2. Waart Dir an deene leschten Deeg méi a Beweegung ewéi virdrun? 3. Waart Dir an deene leschten Deeg méi frou oder zefridden ewéi virdrun? 4. Waart Dir an deene leschten Deeg méi zefridde mat Iech selwer? 5. Hutt Dir an deene leschten Deeg är Aarbecht(e) besser gemaacht wéi virdrun?6. Hat Dir an deene leschten Deeg méi Erfolleg /Akommes ewéi virdrun? (Pei nëmmen mat JO erwähnen wa se méi héich war). 7. Hutt Dir Iech mat méi Mënschen (Déieren, Planzen) verstännegt? 8. Verfollegt Dir aktiv een oder méi Zil(er) am Liewen? 9. Féiert Dir eng oder méi Statistiken (mat od. ouni Graphik) vun ärer(n) Haapt-aktivitéit(en), fir sëcher ze sinn, respektiv besser ze wëssen, wat geschéie miisst fir äert Zil (är Ziler) ze erreechen? 10.Fannt Dir dës Participatioun un eiser Demokratie gutt?

 

Dës LSL-Berichter sollen eemol all Mount / ufanks all Trimester eragereecht ginn op engem vum STATEC ageriichtene Site. Gläichzäiteg heimat hu mer dann, duerch d'Zuel vun de Bierger déi matmaachen, automatesch eng Demokratie- Liewegkeets-Statistik (DLS).

 

A wann d'Bierger, besonnesch déi, déi hei mat machen, vun de Resultater um lafende gehale ginn, a souguer eng kleng Récompense fir hir Fidelitéit an Aussicht gestallt kréien, dann hu mer domat en Instrument fir d'Wuel vum Land an hire Bierger geschaf, mat deem se vill méi ewéi bis elo d'Gefill hunn, dass hir Hëllef ugeholl gëtt, dass hir Meenung méi ewéi eemol all 5 Joer zielt, an dertëschent nët ganz vergiess gëtt.

 

Weisenik

Translation

View Translation

Tags

Voting

1 vote
2 up votes
1 down votes
Idea No. 362